Saisonskalenner

Uebst

Geméis

Fierwat as de richtegen Moment vun der Recolte esou wichteg?

De Rapport vun Zocker zu Saier as e wichtegen Parameter fier d’Entwecklung vum Geschmaach vum Aapel. Dest Zocker-Saier-Relatioun kann duerch en optimalen Moment vun der Recolte beaflosst gin. Äppel, déi fier den Handel bestemmt sin, gin gewéinlech relativ fréi gepleckt fir dass sie sech besser lageren an iwer wäit Strecken transportéieren loossen. Leider sin ze fréih gepleckten Friechten meechtens ennerentweckelt, net zeideg a konnten hieren typeschen Gout nach net entweckelen.

D’Producteuren vun «Eist Uebst a Geméis» kenen sech erlaben hier Äppel um Bam ze loossen bis se hieren vollen Gout entweckelt hun. Dest well si no um Verbräucher sin. Op des Art a Weis kann den Handel dem Client ee Produit mat vollem Gout proposéieren.