Firwat de Label „Eist Uebst a Geméis“?

Eng einfach a genial Iddi

Eist Uebst a Geméis

„Eist Uebst a Geméis“ (fréier bekannt als „Eist Uebst – Us Uebscht“), ass e Label dee fir qualitativ héichwäertegen, lokalen a regionalen Uebst - a Geméisbau steet.
Aktuell hunn sech 12 Uebst- a Geméisbaueren zesummegedoen a beliwweren de Lëtzebuerger Familljen- an Traditiouns Supermarché „Cactus“ mat allerlee Uebst a Geméis.
Dat ganzt Joer fleegen eis Uebst - a Geméisbaueren hier Kulture fir Iech eng beschtméiglech Qualitéit ze garantéieren.
Am richtege Moment gepléckt oder um Feld geschnidden, sinn eis Produite Garantie fir Qualitéit, Aroma a Goût.
Duerch di kuerz Liwwerweeër bleiwen all d'Vitaminnen an Inhaltsstoffer erhalen, an en plus schoune mer ons Ëmwelt.
Transparenten a lokalen Ubau vu passionéierten Uebst -a Geméisproduzenten déi hir ganz Leidenschaft an hire Produit bréngen, kuerz gesot: regional. saisonal. genial.

Geschicht

D’Entstehung vun der Gemeinschaft

2002 hunn sech e puer Lëtzebuerger a grenzno däitsch Uebstbaueren zu der R.O.L.T.-EWIV* zesummegeschloss fir hier Recolten no eenheetleche Verschrëften ëmweltschounend an op de Goût orientéiert ze produzéieren. Wéi am Hierscht 2002 déi éischte Kéier eng regional Recolten ugebuede ginn ass konnt nach keen sech ausmole wéi sech des Iddi entwéckele kéint a wat fir en Driff an der regionaler Produktioun an duerch grenziwwergräifend Zesummenaarbecht vun de verschiddenen Uebstbaueren ausgeléist géif ginn.

Wou gëtt et „Eist Uebst a Geméis“ ze kafen?

Haut beliwweren 12 Bauere ganz gezielt de Lëtzebuerger Marché mat Uebst a Geméis. Ze kafe kritt en d’Produiten ausschliisslech bei eisem Kooperatiounspartner, dem „Cactus“.