D’Produktioun

Eng kleng Auswiel u Produiten déi mir proposéieren

Äppel

Bieren

Äerdbier

Zalot

Hambier

Muerten

Spargel

Mirabelle

Porretten

Quetschen

Ënnen

a vill méi

D’Produktioun

«Eist Uebst a Geméis» gett äusschliesslech no de ganz strengen Critèren vun der kontrolléierter an integréierter Produktioun (KIP) produzéiert.

Integréiert heescht an desem Zesummenhang, dass mier sou mann wéi méiglech an d’Natuer agräifen, dest zum Wuel vun der Déieren- a Planzewelt. Kontrolléiert heescht dass mier eisen Ubäu vun «Eist Uebst a Geméis» stänneg duerch «Arbeits- Gemeinschaft Integriertes Obst Rheinland-Pfalz e.V. (AGIO)» iwerwaachen loossen.

Eisen Uebstubäu as duerch e gezielten Choix u Planzematerial op eis heemesch Biedem- a Wiederverhältnisser ugepasst an doduerch manner sensibel géigeniwer Krankheeten oder Schiedlengen. Duerch den bewossten Asaatz vun Nëtzlingen an der Uwendung vun schounenden Kulturmoossnahmen reduzéieren mier op engem natierlechen Wee de Schiedlengsbefall.

Den Asaatz vu Planzeschutzmettel as bei eis op dat absolut Noutwändegst reduzéiert. Sollte mier obligéiert sin Planzeschutzmettel ab enger kritescher Unzuel u Schiedlengen anzesetzen, dann benotzen mier nemmen Produiten, déi nogewisen keng negativ Äuswierkungen op den Häushalt vun der Natur hun. D’Düngung vun den Ubäugebidder riecht sech no dem Nährstoffverbräuch vun eisen Planzen an ass ganz exakt drop oofgestemmt.

Fier dass d’Produktioun fier Dretter novollzéihbar as, féieren mier en détailléierten Rapport an deem mier all Produktiounsschretter notéieren. Desen Rapport gett reegelméiseg vun der «Arbeitsgemeinschaft integriertes Obst Rheinland-Pfalz e.V. (AGIO)» kontrolléiert.

Äus Resposabilitéit géigeniwer eisen Clienten!